Activités

Kannerrot
2023-02-14Vereedegung vum Kannerrot
De Kanner aus der SEA Réiser a Bierchem eng Stemm ze ginn, dat ass d’ Ziel vum Kannerrot.


Video: Experimenter am Januar
2022-02-07An dësem Video weise mir Iech Experimenter, déi mir duerchgefouert hunn.

Video: Aktivitéiten am Januar
2022-02-07Hei ee klenge Video-Zesummeschnëtt vu verschiddenen Aktivitéiten, déi am Januar bei eis statt fonnt hunn.
Tomaten planzen
2020-04-08Leider konnten d'Kanner lo nett gesinn wéi dës Tomaten bis lo gewues sinn.
MERCI awer un de Klouschtergaart déi sech sou gudd em d'Planzen këmmeren.

Kannerrot
2020-04-06Stemm vun de Kanner ass dem SEA « Service d’éducation et d’accueil » wichteg dofir get et och dëst Schouljoer 2019/2020 traditionnel rem de Kannerrot.
Dëse Rot besteet aus 13 Kanner, déi vun hire Komerode gewielt goufen.
No de Walen, goufen déi gewielte Kanner vum Buergermeeschter, den Här Tom Jungen vereedegt. Fir d' Kanner war d‘Vereedegung eng wäertvoll Erfarung esou wéi och den Ufank vun enger neier Erausfuerderung.
Am Kannerrot selwer, stinn 3 Haaptthemen um Programm déi vu verschiddene Membere vum Kannerrot behandelt ginn:
- Zesummeliewen
- Sport/Beweegung
- Ernährung
D’Kanner treffen sech all Mount fir iwwer d’Bedürfnisser, d‘ Intresse a Wënsch ze diskutéieren.
Mir wënschen de Kanner vill Spaass an hirer Missioun.