Maison Relais Roeser

Accueil

Vereedegung vum Kannerrot

2024-01-24

Den Kanner aus dem SEA Roeser & Campus Kannerinsel eng Stemm ze ginn, dat ass d’ Ziel vum Kannerrot.

Och dëst Schouljoer hunn d’ Kanner aus deenen zwou SEA’en erëm hir Kandidaten fir den Kannerrot gewielt.

D’ Kanner waren frou vun eisem Buergemeeschter, dem Här Jungen an eisen zwee néien Memberen vum Schäfferot, der Madame Ballmann an dem Här Lourenço, offiziell vereedegt ze ginn.

D’ Kanner hunn sech dofir interesséiert, wéi den Alldag am Schäfferot ausgesäit an wollten och wëssen, wéi eng néi Projeten fir d’ Joer 2024 an der Gemeng Réiser geplangt sinn.

Wéi och déi Erwuessen, hunn eis Kanner en Eed ofgeleet. Sie schwieren, dass sie hëllefen d’ SEA zou enger nach méi flotter Platz ze maachen, wou d’ Kanner hiren Alldag mat vill Freed an Spaß verbréngen kennen.

Sie leen Wäert op en respektvollen Ëmgang ënnert eneen

“Ech well éierlech sinn an d’ Wouerecht soen”, soten d’ Kanner an hunn betount, dass hinnen dat ganz wichteg wier.“Ech hunn et ganz flott fonnt, dass mir den Schäfferot gesinn konnten an, dass mir hinnen konnten Froen stellen.”- Mathias, Cycle 4.1.

D’ Solaya, aus dem C4.2 sot: “Et war mega cool mam Tom, Bettina an Angelo!”

D’Emylia (C4.1) sot, dass hat et flott fonnt huet, dass sie en Eed ofgeluet hunn.

Een Groußen Merci nach eng Kéier un den Här Jungen, d’ Madame Ballmann an den Här Lourenço, déi sech och an engem gefëllten Agenda Zäit fir d’ Kanner geholl huet.