Maison Relais Roeser

Accueil

Vakanzaktivitéiten 2023

2023-08-29

Ganz ënnert dem Motto “Geschicht an Epochen”, hunn d’Kanner aus dem Réiserbann

Zesummen mat den Animateuren an Educateuren ass eng Geschicht erlierft ginn, déi duech d’Hiddelbësch Lidd ergänzt gouf. Sou heescht et am Lidd:

„ Mir notzen eis Zäitmaschinn,

ginn vun der Antik an d‘ Neizäit,

begéinen fill divers Léit,

Griichen an Réimer, Piraten an Ritter, Influencer an Tiktok’er“

Wei all Joers goufen erëm Hütten gebaut an d’Kanner konnten Grondstécker mat hiren „Réiser“ am Bësch lounen an hir Hütten drop bauen.

Donierwt konnten Kanner nach vill aner Spiller an Aktivitéiten entdecken.

D’Kanner haten Méiglechkeet 3 Wochen an verschidden Epochen an ze tauchen an deem Si bei den Mini Olympeschen Spiller an der Antik hir sportlech Fäegkeeten ënner Beweis konnten stellen.

Um Rallye kruten Si een weideren Abléck an déi verschidden Epoche. Ausserdeem hunn Si dem Maddy gehollef hiren Kolleeg den Mister X mam feelenden Stéck vun der Zäitmaschinn ze fannen.

Bei den Ausflich war Stand Up Paddling zu Leltz, Minigolf, austoben am Calypso, Wakebord fueren op der Musel um Programm.

Leider huet d’Wieder dëst Joer net ëmmer matgespillt, mee och am Reen war et flott, zum Beispill um Camping.

Danzen war dës Summervakanz och rëm een grousst Thema, egal wou een gekuckt huet ass fläisseg gedanzt a geüübt ginn. 1 Grupp vun der SEA Réiser a Bierchem hunn sech beim Danzcontest „beactive Clip contest“ de vum Ministère des Sports organiséiert ass, ugmëllt.

Fir sou gutt wéi d’lëscht Joer ofschneiden ze kënnen, brauchen d’Kanner aus der SEA Réiser a Bierchem all Ënnerstëtzung dofir ass et wichteg, dass Dir hinnen ee „like“ op den verschiddenen Siten gitt: Facebook, Instagram an Youtube vum Minstère des sports.

D’Kanner soen Iech lo scho Merci fir d’ ”Like’s”

Op dësem Wee soen mir all den Acteuren (Animateuren, Erzéier aus der SEA, Kichepersonal, Botzpersonal, ganzt Gemengepersonal, der Famill Hubert, Fierschter, …) déi iergendwéi un de Vakanzenaktivitéiten matgewierkt hunn villmools Merci fir äert Engagement an äer Hëllef.