Projets

Virtuell "Porte ouverte" SEA Réiser

2021-06-24

Eng virtuell Féierung duerch d'SEA Réiser
Rentrée 2021-2022


Projet "Natur an Emwelt"

2020-12-07

Den Projet Natur an Emwëlt ass d'lëscht Joer ugefangen ginn. 

Opgrond vum Covid-19 huet sech d'Organisatioun vun der SEA geännert, et gëtt méi an klengen Gruppen geschafft.
Dofir gëtt dëse Projet élo méi intensiv vum Cycle 3 zu Réiser behandelt.
  • Diversitéit vun der Natur durch Spill a Spaass kennenléieren 
  • D'Kanner mat allen Sënner hier Liewensemwelt kennenléieren
  • ...



Projet Spiller /Gesellschaftspiller

2020-04-07

Gesellschaftsspiller eng Aktivitéit aus dem Alldag vun de Kanner 

Wéi kann d'erzéierescht Team NOHALTEGKEET, RESPEKT a WÄERTSCHÄTZUNG vu Material besser un d'Kanner bréngen wéi dass si d'Chance kréien hir Spiller selwer ze kreéieren:

D’Kanner erfannen, bauen a bastelen mat den Erzéier selwer Spiller: 

  • Spiller ginn gréissten Deels mat Recycléiertem Material gebaut oder gebastelt
  • Förderung vun der Kreativitéit :Spiller ginn selwer vun de Kanner gestalt, Reegelen erfonnt an dokumentéiert
  • Kenneléieren vun verschidden Materialien
  • Handwierklech Kompetenzen erweideren
  • Förderung vun der Teamfäegkeet : Kompetenzorientéiert schaffen, wat kann ech gutt an wat maachen ech gär
  • Duerchspillen an testen vun de Spiller



Projet Medien

2020-04-06

Smartphone, Tablett, PC, Laptop, Fotoapparat a villes méi sinn néi Medien déi mir reegelméisseg benotzen.

D’Erzéier aus der SEA bidden duerfir innerhalb vun dësem Projet reegelméisseg Aktivitéiten iwwer an mat de Medien aus folgenden Grënn un:

  • Kenneléieren an Respekt vum Material
  • Méiglechkeeten erkennen wat dëst Material eis gëtt
  • Emgang mat deenen verschiddenen Medien
  • Op Geforen opmierksam maachen
  • Festhalen vu Reegelen, déi mat Hëllef vun den Kanner  virbildlech gi
  • Festhalen vum Alldag
  • Förderung vun soziale Fäegkeeten

 D’Kanner vum Cycle 1- 4 ginn   reegelméisseg  mat den Erzéier duerch d’SEA  dokumentéieren an weisen wat an der SEA gemaach gëtt.

Ee grousse  MERCI fir déi flott Reportagen




Projet Vëlo

2020-04-03

Spaass u Beweegung hunn: 
Reegelméisseg bitt d'SEA Aktivitéiten ronderëm de Vëlo un:

  • Wat muss mäin Vëlo alles hunn dass een Sécher ass?
  • Wat brauch ech fir Vëlo ze fueren ? (Helm, wéi eng Kleeder...)
  • Wéi fueren ech Vëlo? (Ufueren, Bremsen, mat enger Hand fueren...)
  • Weeër am Réiserbann an ander Emgeigend kenneléieren
  • Revisioun vum Vëlo
  • Upcycling mam alen Vëlo




Visualisation de 5 sur 9 éléments sur la page 1 de 2
( Première | Précédente | Suivante | Dernière )