Projets

Trommelen fir de Fridden
2023-03-30Dëst Joer hunn d'Kanner aus der SEA Réiser a Bierchem um Projet "Trommelen fir de Fridden" deelgeholl.
Wärend de Mëttesstonnen Méindes, Mëttwochs, Freides an Dënschdes, Donneschdes Mëttes hunn d'Kanner fläisseg geüübt.

Video: Experimenter am Januar
2022-02-07An dësem Video weise mir Iech Experimenter, déi mir duerchgefouert hunn.

Virtuell "Porte ouverte" SEA Réiser
2021-06-24Eng virtuell Féierung duerch d'SEA Réiser
Rentrée 2021-2022
Projet "Natur an Emwelt"
2020-12-07Den Projet Natur an Emwëlt ass d'lëscht Joer ugefangen ginn.
Opgrond vum Covid-19 huet sech d'Organisatioun vun der SEA geännert, et gëtt méi an klengen Gruppen geschafft.
Dofir gëtt dëse Projet élo méi intensiv vum Cycle 3 zu Réiser behandelt.
- Diversitéit vun der Natur durch Spill a Spaass kennenléieren
- D'Kanner mat allen Sënner hier Liewensemwelt kennenléieren
- ...

Projet Spiller /Gesellschaftspiller
2020-04-07Gesellschaftsspiller eng Aktivitéit aus dem Alldag vun de Kanner
Wéi kann d'erzéierescht Team NOHALTEGKEET, RESPEKT a WÄERTSCHÄTZUNG vu Material besser un d'Kanner bréngen wéi dass si d'Chance kréien hir Spiller selwer ze kreéieren:
D’Kanner erfannen, bauen a bastelen mat den Erzéier selwer Spiller:
- Spiller ginn gréissten Deels mat Recycléiertem Material gebaut oder gebastelt
- Förderung vun der Kreativitéit :Spiller ginn selwer vun de Kanner gestalt, Reegelen erfonnt an dokumentéiert
- Kenneléieren vun verschidden Materialien
- Handwierklech Kompetenzen erweideren
- Förderung vun der Teamfäegkeet : Kompetenzorientéiert schaffen, wat kann ech gutt an wat maachen ech gär
- Duerchspillen an testen vun de Spiller