Maison Relais Roeser

Projets

Trommelen fir de Fridden

2023-03-30

Dëst Joer hunn d'Kanner aus der SEA Réiser a Bierchem um Projet "Trommelen fir de Fridden" deelgeholl.

Wärend de Mëttesstonnen Méindes, Mëttwochs, Freides an Dënschdes, Donneschdes Mëttes hunn d'Kanner fläisseg geüübt.




Video: Experimenter am Januar

2022-02-07

An dësem Video weise mir Iech Experimenter, déi mir duerchgefouert hunn.


Virtuell "Porte ouverte" SEA Réiser

2021-06-24

Eng virtuell Féierung duerch d'SEA Réiser
Rentrée 2021-2022


Projet "Natur an Emwelt"

2020-12-07

Den Projet Natur an Emwëlt ass d'lëscht Joer ugefangen ginn. 

Opgrond vum Covid-19 huet sech d'Organisatioun vun der SEA geännert, et gëtt méi an klengen Gruppen geschafft.
Dofir gëtt dëse Projet élo méi intensiv vum Cycle 3 zu Réiser behandelt.
  • Diversitéit vun der Natur durch Spill a Spaass kennenléieren 
  • D'Kanner mat allen Sënner hier Liewensemwelt kennenléieren
  • ...



Projet Spiller /Gesellschaftspiller

2020-04-07

Gesellschaftsspiller eng Aktivitéit aus dem Alldag vun de Kanner 

Wéi kann d'erzéierescht Team NOHALTEGKEET, RESPEKT a WÄERTSCHÄTZUNG vu Material besser un d'Kanner bréngen wéi dass si d'Chance kréien hir Spiller selwer ze kreéieren:

D’Kanner erfannen, bauen a bastelen mat den Erzéier selwer Spiller: 

  • Spiller ginn gréissten Deels mat Recycléiertem Material gebaut oder gebastelt
  • Förderung vun der Kreativitéit :Spiller ginn selwer vun de Kanner gestalt, Reegelen erfonnt an dokumentéiert
  • Kenneléieren vun verschidden Materialien
  • Handwierklech Kompetenzen erweideren
  • Förderung vun der Teamfäegkeet : Kompetenzorientéiert schaffen, wat kann ech gutt an wat maachen ech gär
  • Duerchspillen an testen vun de Spiller




Suivante Dernière