Maison Relais Roeser

Accueil

Kannerrot

2020-04-06

Stemm vun de Kanner ass dem SEA « Service d’éducation et d’accueil » wichteg dofir get et och dëst Schouljoer 2019/2020 traditionnel rem de Kannerrot.

Dëse Rot besteet aus 13 Kanner, déi vun hire Komerode gewielt goufen.

No de Walen, goufen déi gewielte Kanner vum Buergermeeschter, den Här Tom Jungen vereedegt. Fir d' Kanner war d‘Vereedegung eng wäertvoll Erfarung esou wéi och den Ufank vun enger neier Erausfuerderung.

Am Kannerrot selwer, stinn 3 Haaptthemen um Programm déi vu verschiddene Membere vum Kannerrot behandelt ginn:

  • Zesummeliewen
  • Sport/Beweegung
  • Ernährung

D’Kanner treffen sech all Mount fir iwwer d’Bedürfnisser, d‘ Intresse a Wënsch ze diskutéieren.

Mir wënschen de Kanner vill Spaass an hirer Missioun.